top of page
Heefeg gestallte Froen
Natierlech! Bei 100 Raisons sidd Dir häerzlech wëllkomm, och just fir e Patt laanschtzekommen – et gëtt keng Verflichtung, eppes ze iessen. Egal ob Dir Loscht op e Cocktail, e Glas Wäin, e Kaffi oder en anert Gedrénks hutt. A sollt Dir e klengen Honger kréien, bidde mir och Platen un, déi een deele kann a déi perfekt zu Ärem Gedrénks passen.
Jo! All Woch bidde mir en neie Menü, mat Virschléi, un déi sech vu Woch zu Woch änneren.
Eng Ännerung an Äre Pläng? Wann Dir Är Reservatioun ännere wëllt - zum Beispill d'Zäit, den Datum oder d'Unzuel vun de Gäscht - loosst eis daat w.e.g. sou séier wéi méiglech wëssen.Wann dir an der leschter Minute nach eng Ännerung emsetzen wellt, empfeele mir Iech, eis direkt unzeruffen. Dëst erlaabt eiser Equipe, d'Disponibilitéit ze kontrolléieren an d'Optiounen mat Iech ze diskutéieren. Mir wäerten eist Bescht maachen, fir Äre Besoinen gerecht ze ginn!
Mir setzen alles drun, Äre Wënsch nozekommen, fir datt Dir Äre Besuch am 100 Raisons a vollen Zich genéisse kënnt. Zéckt net, eis bei Ärer Reservatioun all spezifesch Wënsch matzedeelen – egal ob Dir léiwer en Dësch bei der Fënster, eng bestëmmte Plaz am Restaurant oder eng Platz op der Terrass hätt.Och wa mir eis natierlech Méi ginn, Äre Wonsch ze erfëllen, kënne mir leider net emmer e bestëmmten Dësch garantéieren. D'Zoudeele vun den Dëscher hänkt vun der Disponibilitéit zum Zäitpunkt vun Ärem Besuch of.
Jo! Mir hunn eng Terrass, wou Dir Ärt Iessen genéisse kënnt oder och einfach just e Patt ënner fräiem Himmel drénke kënnt – ëmmer dann, wann d'Wieder et erlaabt.
Virun eisem Etablissement steet Iech e Parking zur Verfügung. Mir bieden Iech, Äeren Auto mat Rücksiicht op déi aner Leit ze parken, fir datt jiddereen déi disponibel Plaze gutt notze kann. Sollt eise Parking voll sinn, fannt Dir direkt vis-à-vis vum Restaurant e weideren Parking, wou Dir bequem parke kënnt.
Jo, mir bidden d'Méiglechkeet, ee oder méi vun eise Raim exklusiv fir Är privat oder berufflech Evenementer ze buchen. Egal ob et fir e Gebuertsdag, eng Familljefeier oder eng Firmeveranstaltung ass – mir ënnerstëtzen Iech gären bei der Organisatioun vun Ärem Event.Fir Ufroen, kontaktéiert eis w.e.g. per E-Mail oder fëllt de entspriechende Formulaire op eiser Websäit aus. Mir mellen eis dann bei Iech, fir Är Pläng an Ufuerderungen ze bespriechen.
Och wann mir keng direkt Dekoratiounsservicer ubidden, stelle mir wäiss Iwwerzich fir Dëscher a Still zur Verfügung, déi eng schéin Basis fir Äert Evenement schafen. Dir kënnt selbstverständlech Är eegen Dekoratioun matbréngen an Ärer Fantasie fräie Laf loossen, fir de Raum ganz no Äre Virstellungen ze gestalten.Mir schaffen ausserdeem mat engem Partner zesummen, deen op Evenementsdekoratioun spezialiséiert ass. Wann Dir interesséiert sidd, gi mir Iech gären d'Kontaktdaten weider, fir Iech dobäi ze hëllefen, Är Virstellungen an d'Realitéit ëmzesetzen.
Jo, mir kënnen de Menü op Wonsch an no enger Absproch mat eisem Team un Är Virléiften an d'Ufuerderunge vun Ärem Event upassen. Fir Är Iddien an déi verschidde Méiglechkeeten ze bespriechen, fëllt w.e.g. de Formulaire an der Rubrik "Events" op eiser Websäit aus, oder kontaktéiert eis per E-Mail op: 100raisons2024@gmail.com
Mir leeë besonnesche Wäert op Är ernärungsbedéngte Besoinen. Wann Dir Allergien hutt oder bestëmmte Reegelen bei Ärer Ernärung befollege musst, da loosst eis dat w.e.g. bei der Reservatioun wëssen oder schwätzt direkt mat eisem Team. Mir wäerten eist Bescht maachen, fir Iech ze beroden an Iech Optiounen unzebidden, déi op Är Ufuerderungen ofgestëmmt sinn.
Mir begréissen Är véierbeeneg Begleeder ganz gär.
Chez 100 Raisons, les petits gourmands sont également les bienvenus. Nous proposons des plats pour enfants, afin que toute la famille puisse profiter d’un agréable moment autour de la table.Bei 100 Raisons sinn och déi kleng Feinschmecker häerzlech wëllkomm. Mir bidden Platen fir Kanner un, fir datt déi ganz Famill eng agreabel Zäit zesummen um Dësch verbrénge kann.
Jo! Mir bidden Chèques-cadeaux un – perfekt, fir Äre Léifsten eng Freed ze maachen, egal zu wéi enger Geleeënheet. All déi néideg Informatioune fannt Dir an der Rubrik „Chèques-cadeaux“ op eiser Websäit.
Jo, mir hunn en iwwerdaachtenen Fëmmberäich.
Mé. – Do. 11:00 – 15:00 Auer an 18:00 – 23:00 AuerFr. – Sa. 11:00 – 15:00 Auer an 18:00 – 00:00 AuerSo. 11:00 – 23:00 Auer
Jo, mir stellen Héichstill fir eis kleng Gäscht zur Verfügung. Sot eis och gären schon bei Ärer Reservatioun bescheed wann Dir een oder mei Still braucht.
bottom of page